Summerfest am « Schlassbléck » zu Veianen

Am Park, hannert der Résidence « Schlassbléck », gouf e Summerfest fir d’Bewunner organiséiert. E Sonndegmëtteg wéi en Freed mecht, mat flotten Spiller, engem waarmen Eisekuch mat frëschen Äerdbier, enger séisser Glace a mat der Veiner Strëpp, déi hier bekannsten Melodien matbruecht hat.

Alles an allem ee gelongenen Nomëtteg, mat e puer gesellegen Stonnen.