Eng Mamm enges Daags, Mamm e Liewe laang: e schéint Fest all den Anni’en

11/06/21 | Aktualität, Mitteilung

D’Anni ass eng Mamm. Eng Mamm wéi déi aner. Mee och eng eenzegaarteg Mamm… wéi all déi aner. Dëse Sonndeg feiere mir d’Mammen. Guer keen Zweiwel, dass d’Blummen erausgeholl gin, am SERVIOR-Haus “Roude Fiels”, wou d’Anni wunnt. Net sou wäit ewech vu Beetebuerg also, wou dat Fest dat haut des Daags an 140 Länner gefeiert gëtt, och eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg eng éischt Versioun erlieft huet… dat war 1927. De “Mammendag” war gebuer.

Och wa vill Länner de Mee gewielt hunn, fir hier Mammen ze éieren, huet Lëtzebuerg den 2. Weekend am Juni fir si reservéiert. Eng ganz speziell Ofwiesslung, elo wou de Virus lues um Réckmarsch schéngt a wou dat gutt Wierder um Rendezvous ass. Äddi de Stierm vum Mee: Prabbeli’en a geblummelecht Hitt sinn elo gefrot. Ëmsou besser, well d’Anni mécht näischt léiwer wéi duerch de Park vun de roude Fielsen ze flanéieren, do wou d’Margréidercher hire faarwegen Teppech ausgerullt hunn.

Eng eenzegaarteg Roll

D’Anne-Sophie Heyardt, sou de Gebuertsnumm, huet e Meedchen an e Jong op d’Welt bruecht, Si ass Bomi vun 3 Enkelkanner. An si ass, fir dëst Joer, eis SERVIOR-Mamm. Eng Mamm ënnert den honnerten, déi an engem vun eisen Haiser liewen, schlofen, iessen a laachen. An déi sech hirer eenzegaarteger Roll an der Famill erënneren, egal wéi grouss oder wéi zesummegesat se war. Ouni Zweiwel sinn der vill immens frou déi Zäit hannert sech ze hunn, wou et üblech war der Mamm e Staubsauger oder eng Kichemaschinn ze schenken.

Dee schéinste Kaddo op der Welt

Eng Mamm ze sinn huet dem Anni säi Liewe geformt. Nach haut sinn d’Erënnerunge wéi e ganz speziellen Zauber present: “Et ass dat schéinste Gefill op der Welt. Et spiert een a sengem Kierper, dass eppes Fantastesches am gaangen ass ze geschéien. Et ass ee ganz positiv beréiert wann een drun denkt dass Liewen an d’Haus kënnt. Haut nach hunn ech Héngerhaut wann ech drun denken” straalt d’Anni. Laachend zielt Si vun de gebastelte Saachen, déi vun de Kanner an der Schoul preparéiert gi sinn. Mee och vun de Gedichter an de léiwe Wierder.

“Wiem et Angscht mécht e Kand ze kréien, dem kann ech garantéieren dass et e formidabelt Evenement ass. Dass een sech keng Suerge brauch ze maachen. Dass wann et mol méi schwéier Deeg gëtt, dass och erëm schéi Momenter kommen. Mamm ze ginn, dat ass dee schéinste Kaddo op der Welt.”

D’Mamm vum Haus

D’Anni spuert sech säin “Mamm-sinn” net just fir seng eege Famill op. Als Gebierteg vu Rëmeleng war Si schonn am “Roude Fiels” engagéiert, ier Si do gewunnt huet. Si huet hier Uechtsamkeet an de Service vun der Amicale vun dësem Rëmelenger Haus gestallt, dësem waarmhäerzegen Ëmfeld an de SERVIOR-Haiser. Hei ass ee gär zesummen, op am Gank bei der Entrée oder virun der Dier. Et ass net Marseille mee et ass ebe méi wäit am Süden. D’Haus huet säin eegene Charme, gebuet an der Minette-Geschicht, an eng méi wéi charmant Ambiance verbënnt Mataarbechter a Bewunner, mat hire variéierte Charakteren. Och wann dëst aalt Gebai deemnächst wäert erofgerappt an nei erbaut ginn, keen zweiwelt drun dass de Geescht vun de roude Fielsen hei wäert weiderbestoen. Stänneg em d’Leit ronderëm sech besuergt huet d’Anni d’Presidence vum Heemroot iwwerholl. Fir Si ass Engagement näischt Abstraktes. “D’Anni ass eng richteg Mamm, déi sech Suerge mécht em jiddereen, si kuckt no de Bewunner a freet ëmmer nom Wuelergoe vun de Mataarbechter. “Pass awer och op dech op!” oder “Dier geet et awer och gutt?” si Sätz, déi d’Fleegepersonal oft ze héiere kréien”, erzielt d’Nadine Haster, Chargée de Direction vum Haus.

Dat zweetwichtegst Fest

D’Nadine Hastert, och Mamm, erwaart dëse Sonndeg ongedëlleg: “Mammendag ass ganz sécher dee wichtegsten Dag no Chrëschtdag. Mat de Joerzéngten huet d’Bild vun der Mamm sécherlech geännert mee eng Mamm bleift ëmmer eng Mamm. Schon am Viraus mierkt ee wéi d’Bewunnerinnen opgereegt ginn. An ass den Dag dann do, da sinn si stolz a stralen dat och aus. Et ass eng gewësse Bestätegung fir eng sozial Roll an et gëtt no hanne gekuckt, heiansdo melancholesch awer net depressiv. D’Geschichte vun de Kanner oder der Famill hunn hiert Liewe strukturéiert an et ass de passende Moment fir des Erënnerunge fräi ze loossen.

Concert a Genoss

Bei SERVIOR heescht “speziellen Dag” och “speziellen Animatiouns-Programm”. E Mammendag-Programm gëtt an all eisen Haiser organiséiert. Zu Rëmeleng ass et d’Lisa Mariotto, dat de Bewunner, Mammen, Pappen an all deenen aneren e flotte musikalesche Moment bitt. “An, psssst ! All Mamm kritt eng Rous” verréit d’Nadine Hastert. Blummen si flott “mee mir sinn och verwinnt mat deem gudden Iessen” ënnersträicht d’Anni a seng Ae blénke vu Freed.

Besuch gëtt dëse Weekend an eise 15 Haiser no den aktuelle sanitäre Konditiounen empfaangen. Een Alliéierte vum Mammendagsfest ass sécher: d’Sonn, déi d’Erëmgesinn dobausse begënschtegt.

E schéint Fest, alle Mammen! Ob se bei eis wunnen oder schaffen, an och all deenen aneren!

Skip to content