Den Heemroot vun der « Rhum » seet de Mataarbechter MERCI

Traditionell gëtt all Joer am CIPA SERVIOR « Op der Rhum » eng Feier organiséiert, wou den Heemroot am Numm vun alle Bewunner de Leit vum Personal Merci seet fir hir Aarbecht , déi si am Laf vum Joer fir d’Pensionnairë leeschten.

Dëst Joer huet dës Feier, alt erëm, aus deene bekannte Grënn leider missten ausfalen. Duerfir huet den Heemroot decidéiert, fir alle Mataarbechter vun « der Rhum » e klenge Kaddo z’offréieren.

Als Merci krut all Mataarbechter vun der Rhum eng Handcrème an eng Tuut Knippecher geschenkt.

Dëse Kaddo ass e puer Vertriederinnen a Vertrieder vum ganze Personal wärend enger Feier am klengste Krees iwwerreecht ginn.

« Mat dësem Kaddo soe mir Pensionnairen de Mataarbechter villmools Merci fir hiren onermiddlechen Asaz fir eis all Dag gutt ze versuergen, an esou gutt duerch d’Covid-Zäit bruecht ze hunn, a fir eis d’Liewen agreabel a flott ze maachen. » seet am Numm vun all de Bewunner vun « der Rhum », de Fernand Kieffer, President vum Heemrot « op der Rhum ».