Jerusalema Challenge – SERVIOR « Geenzebléi » Wolz

19/01/21 | Actualité

Mat vill Freed an Euphorie hunn d’Bewunner an d’Mataarbechter vum SERVIOR-Haus « Geenzebléi » vu Wolz un der solidarescher Beweegung vun der #JerusalemaDanceChallenge deelgeholl an zesummen hieren Danz preparéiert.

Si wellen esou d’Begeeschterung vun hirer Communautéit ënnert d’Leit bréngen, sech solidaresch weisen an e Stéck Hoffnung an e Laachen no baussen  weiderginn.

« Mat Jerusalema ass e spirituellen Uert gemengt, wou ee Fridde fënnt, wou et keng Suerge gin, mee Gléck a freedeg Leit. » sot den DJ « Master KG », e Südafrikaner, deen dëst Lidd zesumme mat der Sängerin Nomcebo Zikode geschriwwen huet – dëst op Zulu, eng vun den 11 offizielle Sproochen a Südafrika.

« ce challenge de danse a été réalisé à la demande des résidents et personnels afin de passer un moment agréable ensemble et rompre l’isolement vu la situation sanitaire actuelle. La présente vidéo ne présente aucun caractère commercial direct ou indirect »

X
Aller au contenu principal