Och am « Schleeschen » gëtt äifreg preparéiert

Och an eisem klengsten SERVIOR-Haus – am « Schleeschen » zu Iechternach – sinn d’Bewunner, flott encadréiert vun eisen Mataarbechter, äerdeg am gaangen un der Dekoratioun fir déi festlech Deeg ze schaffen. Mat vollem Engagement a grousser Freed gin Engelen aus Woll gebastelt, faarweg Biller gemoolt a mat Hëllef vun der Amicale flott Arrangementer preparéiert.

Sollt iech eng vun dësen Aarbechten ganz besonnesch an d’Ae gefall sinn, de frot mol no beim « Schleeschen », eventuell kann dier jo domadder bei Iech doheem eng festlech Stëmmung erbäizauberen. »