Den Zinniklos op Besuch an de SERVIOR-Haiser

« …lues schlauft hien an d’Haus eran, fir äis all grouss Freed ze maa’n… Kleesche, Kleesche léiwen Zinniklos, deen s du d’Kanner gären hues, héier äis hell’gen Niklos. »

Nieft de sëllegen Kanner uechter d’Land, huet den Zinniklos awer och d’SERVIOR-Haiser net vergiess an eise Bewunner mat sengem Besuch eng grouss Freed gemaach.

Op eng Titchen mat Schneekegkeeten, eng Këscht mat Kichelcher oder de klasseschen Boxemännchen – d’Aen hu gelicht an d’Gesiichter hu gelaacht wéi dee groussen hellege Mann, ëmgin vu sengen Engelcher, säin Tuer gemaach huet.

Säi granzegen Kolleeg den Houseker war iwwregens ëmsoss matkomm an huet och all seng Rudden erëm matgeholl.

 

Eng gréisser Delegatioun on Engelen hat de Wee op Dikrech ugetratt fir « Bei der Sauer » en Tuer duerch d’Haus ze maachen:

 

an och « Am Park«  zu Boufer hun déi 2 d’Bewunner besicht:

 

op der « Rhum » an der Staat huet hien och en Tuer gemaach:

 

Zu Iechternach ass hien am « Schleeschen«  gesi gin:

 

an awer och am Haus « Belle Vue »:

 

Zu Esch « Op der Léier » waren seng Hellefen ennerwee:

 

De « Lauterbann » zu Nidderkuer huet hien natierlech och net vergiess:

 

Zu Déifferdeng am SERVIOR-Haus « Thillebierg » huet hien och d’Bewunner besicht:

 

Am « Sanatorium » zu Veianen war hien selbstverständlech och ennerwee:

 

An hei de Passage zu Wolz am « Geenzebléi »:

 

An zu Ëlwen am « Liewensbam » goufen d’Schong gefëllt: