En ofwiesslungsräichen Mount zu Déifferdeng

Och am SERVIOR-Fleegeheem zu Déifferdeng um Thillebierg war de Mount Juni e ganz ofwiesslungsräichen, faarwegen a musikaleschen Programm ugesot.

Sief et d’Harmonie Municipale vun der Stad Déifferdeng, déi d’Bewunner mat engem Concert ënnerhalen huet, d’Clownen vun der « Ile aux Clowns » déi hier Spiechten gedriwwen hunn, d’Fondatioun EME déi mat hirer musikalescher Artistin ze begeeschteren wousst oder awer de Spillmann mat senger Dréiuergel, deen um Virowend vun Nationalfeierdag op Besuch war.

Vill flott an amusant Momenter, Merci all de Leit déi dozou bäigedroen hunn!