Visite am Déierepark zu Daun

Eng Grupp vu 4 Haiser (Dikrech, Boufer, Diddeleng an Iechternach) hunn sech den 24 August moies um 9:30 zu Iechternach um Séi getraff fir mat hire Minibusser zesummen an den « Wild & Erlebnispark Daun » ze fueren.

No enger 1-Stengeger Fuert koume sinn do och un. Et goufen sech mol direkt Tickete besuergt, an et gouf eng Safari duerch de Park mat de Minibusser gemaach. D’ Gruppe sinn iwwer schmuel Weeër gefuer, wat awer kengem richteg Angscht gemaach huet.

Op dem Wee gouf et vill Déieren ze gesinn, dorënner och Réier, Hirschen, Ieselen, Bisonen a Straussen. Besonnesch hunn awer de Leit d’ Wëllschwäiner gefall, well déi koumen a grousse Famillen direkt bis op de Wee an dowéinst konnt een se gutt gesinn an et hat een eng Kéier d’ Chance, sech ee Bild dovunner ze maachen.

No deene 50 Minutten op deem stengege Wee waren dunn Bewunner genau sou wéi d’ Personal frou, fir nees um Haaptsite ukomm ze sinn an net méi brauchen duerchgerëselt ze ginn.

Duerno goung et bei d’ Iessen, no der Fuert war jiddereen hongereg. Als éischt konnten d’ Bewunner hiert Iesse bestellen, wat d’ Personal dunn  fir si siche gaangen ass. Wéi d’ Iessen dunn koum, war jidderee glécklech an huet et sech gutt schmaache gelooss. Als Dessert gouf et nach Stecker Taart mat enger gudder Taass Kaffi oder Téi. Jiddereen hat säi Spaass um Iessen, et gouf gutt gelaacht a gegeckst.

Wéinst deem waarme Wieder deen Dag an der ville Beweegung, gouf mat enger breeder Zoustëmmung decidéiert, keng weider Visitt méi ze maachen, mee sech op de Wee fir Heem ze maachen an do da mat engem schéinen Tour iwwert d’ Landstroossen déi schéi Landschaft an der Eifel ze genéissen.

Um Enn vun der Visitt war och jiddereen nees glécklech doheem ukomm ze sinn.

Ben Pepin

 

 

Über SERVIOR
Mit 1650 Betten ist SERVIOR der größte Betreiber von Wohnstrukturen für ältere Menschen in Luxemburg. Derzeit verwaltet SERVIOR 15 Einrichtungen, darunter 8 Altenheime, 6 Pflegeheime und 1 Seniorenresidenz. Außerdem bietet SERVIOR regelmäßig 650 Menschen in 28 verschiedenen Gemeinden Essen auf Rädern an und betreibt eine Tagesstätte für Senioren. Das öffentlich-rechtliche Unternehmen beschäftigt über 1850 Mitarbeiter, davon mehr als die Hälfte im Pflegebereich.

 

+ mehr Aktuelles