Mol eppes fir d’Bomi an de Bopi!

25/03/2020 - 31/07/2020
Mol eppes fir d’Bomi an de Bopi!

Mir all mussen doheem bleiwen. Fir d’Kanner ass dat schonn eng droleg Zäit. Och wann si nach eraus un d’Loft dierfen, ronderëm d’Haus… an d’Elteren elo méi bei hinne sinn.

Den eelere Leit awer, an den Altersheemer, fält d’Situatioun méi schwéier. Erausgoen ass fir si quasi onméiglech an hir Famill dierf dëser Deeg net méi op Besuch komme fir dass kee riskéiert krank ze ginn.

Hëlleft hinnen hiert Laachen ze behalen! Mat Kannerzeechnunge kënnt Dir hinnen – besser wéi mat all Noriicht – vermëttelen, datt jiddwereen u si denkt, dass si net eleng sinn an dass mir dës schwiereg Period zesummen duerchstinn. Och wa mir wäit ewech sinn, si mir dach solidaresch.

Dofir muss ee mol kee Familljemember an enger vun de SERVIORs Residenzen hunn : Post vun iwwerall wäert hinnen e Stralen op d’Gesiicht zauberen. Verëffentlecht Är Zeechnungen einfach als Kommentar op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter) oder schéckt se op: communication@servior.lu

(mam Zouschécken vun der Foto autoriséiert dier eng eventuell Publikatioun)