„Eis geet et gutt“

„Och an dësen méi schwéieren Zäiten, wou mir keen Besuch kënne kréien, fir dass mir net krank ginn, geet et eis gutt. Mir gi waarmhäerzeg versuergt an d’Personal vun den Haiser kuckt dass et eis un näischt feelt.“

An dëser Rubrik weisen mir d’Liewen an eisen verschiddenen Haiser, elo zu Zäiten wou besonnesch Virsiichtsmoossnamen hu mussen geholl ginn.

SERVIOR seet MERCI fir d’Ënnerstëtzung !

SERVIOR, seng Direktioun, säin Personal a seng Bewunner soen e groussen Merci fir déi wäertvoll Hëllef an dëser schwéierer Periode vum Coronavirus: Merci fir d’Ënnerstëtzung mat Material Airtech Europe Sàrl, Amicale Beim Klouschter, André Schüssler, Arlette Créations, Lëtzebuerger Arméi, Céline V, Charel ...   + weiter lesen

Eng Kiermes fir d’Bewunner zu Diddeleng am CIPA „Grand-Duc Jean“

Als Ersatz fir dat traditionellt Summerfest guff eng éischt Editioun vun enger Diddelenger-SERVIOR-Kiermes vun eise Matarbechter fir hier Bewunner organiséiert. Wann och ouni Besuch vu bausse, war dest awer ee ganz flotten, ofwiesslungsräichen a lëschtegen Dag fir eis Bewunner. Den Eisekuch, d’Musek an déi ...   + weiter lesen

Summerfest „light“ zu Iechternach am CIPA Belle-Vue

Och wann déi aktuell Situatioun aus dem traditionellen Summerfest am CIPA Belle-Vue zu Iechternach eng „light“ Versioun gemaach huet, sou war et trotz allem e schéinen a gemeinsamen Moment fir d’Bewunner an d’Fleegepersonal. Während dem musikaleschen Apéro as an der Kichen eng grouss ...   + weiter lesen

En ofwiesslungsräichen Mount zu Déifferdeng

Och am SERVIOR-Fleegeheem zu Déifferdeng um Thillebierg war de Mount Juni e ganz ofwiesslungsräichen, faarwegen a musikaleschen Programm ugesot. Sief et d’Harmonie Municipale vun der Stad Déifferdeng, déi d’Bewunner mat engem Concert ënnerhalen huet, d’Clownen vun der „Ile aux Clowns“ ...   + weiter lesen

SERVIOR et SOLINA: correspondance intergénérationnelle

Loin des yeux, loin du cœur… Lancée au début de la crise du Covid-19, l’opération de rapprochement entre des pensionnaires de SERVIOR, au centre du Rham à Luxembourg, et des jeunes du foyer Novavia, à Bonnevoie, a été totalement conditionnée par le confinement des maisons de repos. SOLINA Solidarité ...   + weiter lesen

Fête des mères: un nouveau départ

An allen SERVIOR-Haiser, queesch duerch d’Land, war Mammendag wéi de Glackeschlaag fir e neien Start vun de Besich vun de Familljen bei hiren Léifsten. Selbstverständlech trotzdeem kee Grond fir d’Sécherheetsmesuren iwer e Koup ze geheien. Dëst flott Evénement huet et erlaabt sech erëmzegesinn fir ...   + weiter lesen

Den Dé-Confinement ass lancéiert, d’Sécherheet muss awer op éischter Platz bleiwen

Och wann d’Reglementatioune lues a lues manner streng gin, si mir nach net an der Normalitéit an an der totaler Sécherheet ukomm! D’Liewen an engem Alters- oder Fleegeheem charakteriséiert sech duerch säi Liewen an enger Gemeinschaft. Néierens anescht wéi grad hei, ass des Liewenscommunautéit – déi och ...   + weiter lesen

Entre ciel et terre: un spectacle déconfinant

Profitant d’un soleil plus que généreux, les pensionnaires du centre du Rham, ont pu profiter le mercredi 20 mai d’un nouveau spectacle exclusif. Dispersés dans le parc du site historique, quelques dizaines d’entre eux ont suivi les évolutions de l’extraordinaire duo Aramelo. Ce couple ...   + weiter lesen

Veianen: d’Militärmusek suergt fir musikaleschen Nomëtteg am „Schlassbléck“

Zu hirer 7 Mann héich war d’Militärmusek op Veianen komm, fir am Fleegeheem „Schlassbléck“ e Nomëtteg-Concert fir eis Bewunner ze spillen. Trotz groem Wierder war d’Stëmmung fantastesch an eis Bewunner begeeschtert! D’Museker hunn alles gin fir déi gutt Laun ze verbreeden an e ...   + weiter lesen

Diddeleng: D’Kläng vun engem rauen Saxophon hauchen duerch den Haff vum CIPA „Grand-Duc Jean“

„Et war eng grouss Freed zu Diddeleng fir all déi léif Leit Saxophon ze spillen an och DJ de sinn 🙂 “ sot eis de Fernand Neumann no sengem Optrëtt a Metten de Bewunner vum CIPA „Grand Duc Jean“ zu Diddeleng. Mee net nëmmen de Museker mee virun allem d’Bewunner hunn des Ofwiesslung ...   + weiter lesen

Zu Nidderkuer am CIPA „Um Lauterbann“ war e Freidegmëtteg eng weider lass.

Zu Nidderkuer am CIPA „Um Lauterbann“ war e Freidegmëtteg eng weider lass. De Jeannot Conter, eng Coryphée um Gebitt vun der gudder Laun, sief et beim traditionellen „Thé dansant“ oder engem geckege Fuesnomëtteg, hat seng Uergel am Park vum CIPA opgestallt an huet sou d’Bewunner an ...   + weiter lesen

Veianen: Fleegeheem „Schlassbléck“ – musikalesche Nometteg mat den 3 Brasseurs

En Nomëtteg, nach mat stralender Sonn, genee dat richtegt Wierder fir vun deene generéiser Terrasse vun der Residence „Schlassbléck“ ze profitéieren! Op den ënnerschiddlechen Etagen haten d’Bewunner sech afonnt fir zesummen der musikalescher Ënnermolung vun den „3 Brasseurs“ ...   + weiter lesen

Op der Rhum: 4 Tuben fir déi gutt Laun

Bei herrlechem Fréijoerswieder a waarme Sonnestralen haten sech eis Bewunner an deem prächtege Banne-Park vum Site „op der Rhum“ afonnt fir dem musikalesche Besuch vu 4 Bléiser vun der Militärmusek nozelauschteren. Eng historesch Platz – wou am 17. Joerhonnert Kasäre vum Vauban gebaut gi waren a ...   + weiter lesen

Wolz: D’Ouschterdeeg am „Geenzebléi“

Am Fleegeheem „Geenzebléi“ zu Wolz hunn d’Bewunner sech besonnesch iwwert d’Ofwiesslung wärend den Ouschterdeeg gefreet. Faarweg a mat ganz vill Léift war alles dekoréiert Mat sportlechen Aktivitéite gëtt sech fit gehalen an och de Rendezvous beim Coiffeur blouf net aus. Dat traditionellt ...   + weiter lesen

Op der Rhum: musikaleschen Fréijoersbouquet

Musek mécht d’Häerz op a beréiert d’Séil… Proffen a Schüler vum Stater Conservatoire hunn op der Rhum e musikalesche Fréijoersbouquet presentéiert fir eise Bewunner an eisem Personal eng Freed ze maachen. Iwwer d’Woch verdeelt si verschidde Concerten am grousse Bannenhaff vun der Rhum ...   + weiter lesen

Diddeleng: Ouschteren am CIPA Grand-Duc Jean

Och an dëser aussergewéinlecher Zäit hunn eis Bewunner am CIPA Grand-Duc Jean zu Diddeleng sech d’Freed um Liewen net huele gelooss. No der Ouschtermass, déi iwwer e Live-Stream organiséiert war ass et raus an de grousse Park gaange fir op Eeërsich ze goen. Och fir Ënnerhalung war gesuergt, sief et mat ...   + weiter lesen

Veianen: 7 Joer Fleegeheem „Schlassbléck“

De 7. Gebuertsdag vum Fleegeheem „Schlassbléck“ zu Veianen gouf mat der Hëllef vum Här Wallesch senger Zéiharmonika gefeiert. Bei guddem Wierder konnten d’Bewunner vun de groussen Terrasse profitéiere fir der Musek an dem Gesang nolauschteren, déi vun Ënnen eropgeschalt hunn. Fir de de ...   + weiter lesen

Äussergewéinlech: E Video „anti-Deprimme“ mat Rockbeats

Déi undauernd Isolatioun op Grond vum Corona-Virus mécht d’Liewen an de Fleege- an Altersheemer net méi einfach. Schonn eleng de Mask deen d’Personal um Gesiicht muss droe mécht d’Relatioun mat de Bewunner komesch. D’Oploe sinn do a jidderee passt sech deem mat gudder Laun un. Wéi soll een ...   + weiter lesen

Iechternach: CIPA „Belle-Vue“ – Der Regenbogen Hoffnung trägt

Äussergewéinlech: E Video „anti-Deprimme“ mat Rockbeats Déi undauernd Isolatioun op Grond vum Corona-Virus mécht d’Liewen an de Fleege- an Altersheemer net méi einfach. Schonn eleng de Mask deen d’Personal um Gesiicht muss droe mécht d’Relatioun mat de Bewunner komesch. D’Oploe ...   + weiter lesen

D’Kanner hu gemoolt

Kleng (a manner kleng) Artisten, Moler a Kënschtler hunn eise Bewunner an eisem Personal mat hire Biller e Laachen an d’Gesiicht gezaubert 🙂 E ganz grousse MERCI vun hinnen un: d’Sibylle, de Nathan, d’Angela, d’Alissa, d’Mathilde, de Chris, d’Ilaria, d’Adélia, ...   + weiter lesen

Diddeleng: CIPA „Grand-Duc Jean“

Kanner aus dem Ëmfeld vum CIPA „Grand-Duc Jean“ hu Biller gemoolt fir d’Bewunner an d’Personal vum Haus ze ënnerstëtzen. E grousse MERCI fir dëse sympathesche Geste !

Eng sympathesch Iwwerraschung am CIPA Grand-Duc Jean zu Diddeleng!

D’Kanner hu fir eis Bewunner an eis Personal gemoolt. Mir soen e grousse M E R C I !  Well dir eise Bewunner och eng Freed maachen? Da schéckt äert Bild als Foto op communication@servior.lu „Eis geet et gutt“ – Entdeckt dee ganzen Dossier mat ville flotten Aktiounen…

Iechternach: CIPA „Belle-Vue“

Ouschtere steet virun der Dier an d'Preparatioune lafen op Héichtouren... Molen, Bastelen... Hänn a Geescht bleiwen a Form - och zu Iechternach soen eis Bewunner: "Eis geet et gutt!"

Howald: CIPA „Beim Klouschter“

Fir de Kontakt mat den Familljen net ze verléiren hu mir an all eisen Haiser Tabletten bereedgestallt fir per Skype kenen mateneen ze schwätzen.

Diekirch: Maison de soins „Bei der Sauer“

„Eis geet et gutt!“ „Macht Iech keng Suergen mir gi gutt versuergt. Jiddereen hei gëtt sech déi gréissten Méi fir dass et eis un näischt feelt, dass mir zu all Moment gutt encadréiert a beschäftegt sinn.“ Och a méi komplizéierten Zäiten geet d’Liewen an eisen verschiddenen Haiser ...   + weiter lesen