Impfung um 102. Gebuertsdag

Op hirem 102. Gebuertsdag gouf d’Madamm Draut, déi säit 7 Joer am SERVIOR-Haus „Roude Fiels“ zu Rëmeleng lieft, op hiren ausdrécklechen Wonsch hin, géint COVID19 geimpft

„Eng Kéier gepickt a fäerdeg, dat huet net wéi gedoen. Sou kriddeleg soll een am Liewen awer net sinn…“ war hier stolz Äntwert op d’Fro vum Journalist vun RTL, deen si besichen komm ass. (De ganzen Reportage fann dir op desem LINK)

D’Madamm Jacqueline Draut gouf den 11. Februar 1919 zu Paräis gebuer, as am Alter vun 3 Joer op Letzebuerg komm an als jonk Fra huet si sech nom zweete Weltkrich fier d’Croix Rouge em Verwonnter gekëmmert. Si gouf bestued an huet ee Fils an eng Duechter. D’Madamm Draut huet sech beim Foyer de la Femme engagéiert, wou si iwwert Joren als Sekretärin Verantwortung iwwerholl huet. Mat hiere Kanner huet si ganz regelméissegen Kontakt.

D’Jacqueline Draut as eng Perséinlechkeet am Rëmelenger „Roude Fiels“ an eng richteg Ambassadrice fir d’Impfung géint de Virus an d’Hoffnung op eng méiglech Normalitéit.

(c) Fotoen RTL