Ernärung am Alter

D’Claudine Mertens as Ernierungsberoderin fir eeler Leit bei SERVIOR. Viru Kuerzem huet si hir Rotschléi an e puer Rubricken um Radio 100komma7 weiderginn. Huelt Iech roueg Zäit fir se nach emol um Internet unzelauschteren. Gutt Iessen ass wesentlech am héijen Alter.

Claudine_Mertens
Claudine Mertens
  • Och am Alter ass et wichteg weiderhi genuch Eewäiss ze iessen. Mee munchmol kennt et fir, datt ee kee Fleesch méi wëllt oder kann iessen. Muss een all Dag Fleesch iessen, a wat ginn et fir Alternativen, wann ee Fleesch net méi gären huet? Lauschteren
  • Eis Liewensgewunnechten hu sech zanter Mëtt Mäerz staark verännert: manner Beweegung, Iessgewunnechten, déi op d ‚Kopp gehäit goufen, Problemer beim Akafen, manner oder keng sozial Kontakter, Desinfizéieren vun Hänn an Droe vun Masken. Mee och an dësen Zäiten ass et wichteg gesond an equilibréiert ze iessen an d’Iessen eiser Beweegung unzepassen. Mee wéi kann ee sech gesond ernären, andeems ee vläicht just eemol an der Woch akafen geet? Lauschteren
  • Mat den Jore kënnt et vir, datt sech Leit bekloen, Schwieregkeete mat der Verdauung ze hunn, datt se zum Beispill méi lues gëtt oder een dacks verstoppt ass. Vill Leit menge si wiere verstoppt, wa si een Dag net op Toilette ginn. Séier gëtt dann op Medikamenter zeréckgegraff, well dëst einfach ass. Dobäi ginn et aner natierlech Méiglechkeete punkto Ernärung, déi hëllefe kënnen. Lauschteren
  • Mat de waarmen Deeg déi kommen, wäert Dir erëm Messagen héieren, déi Iech opfuerderen, datt Dir genuch drénkt. Mee ass et just am Summer wichteg genuch ze drénken? Wéi vill muss een drénken, a wéi mierkt een, datt een net genuch drénkt? Firwat fält et eelere Leit vläicht méi schwéier genuch ze drénken? Lauschteren