Aner Zäiten, aner Krisen : zwou Pensionärinne bei SERVIOR erzielen

D’RTL-Journalistin Isabelle Henschen hat d’Iddi di aktuell Coronavirus-Kris mat anere schwieregen Zäiten aus der rezenter Geschicht ze vergläichen.

A wat ass méi opschlossräich iwwer Krise wéi hiren Zeien ze begéinen. Also huet si sech laang mat zwou Awunnerinnen am Parc vum Centre op der Rhum zu Lëtzebuerg ënnerhalen, di hir hir Erënnerungen uvertraut hunn.Wie „Kris“ seet, deen denkt virun allem „Krich“.

Dobäi ass et net evident fir di zwou Frae Parallelle mat der Situatioun 2020 ze gesinn. „Hei ware mir gutt encadréiert an a Sécherheet, mir haten all Dag z’iessen… Dat ass kee Verglach mat dem Zweete Weltkrich“, ënnersträichen d’Elsy Felten an d’Henriette Krieps-Cloos.

Wat bleift vun dëse Krisen, Joren dono? Dat ass de roude Fuedem vum Reportage deen en Donneschden 28. Mee am RTL Magasinn diffuséiert gouf. Um Internet kann een se nach emol kucken : https://www.rtl.lu/tele/de-magazin/v/3207629.html