Transport : Adapto ab elo och gratis

De Gratistransport deen den 1. Mäerz fir de ganzen Transport agefouert gëtt, ass e wichtegt Evenement fir Lëtzebuerg. Och fir d’Seniore bréngt dat Munches mat sech dat fir d’Zentre vu SERVIOR vun Interessi ass.

No verschidde Virwänn gëtt nämlech de Service vun Adapto – op dee jo vill Senioren zeréckgräifen – elo och gratis. Allerdéngs gëtt den Zougrëff doropper nei gereegelt. Esou wäert dësen Transport Handicapéierten a Leit mat beschränkter Mobilitéit, deene keen anert Fortbeweegungsmëttel zur Verfügung steet, virbehale sinn. Di aktuell gëlteg Kaarte lafen den 2. Mäerz aus. Ab elo ginn nämlech d’Reservatioune fir de Service zentraliséiert, mat der Iddi all Trajet’en ze regroupéieren. (www.adapto.lu)

Wann den Zuch elo generell gratis gëtt, esou wëllen d’CFL datt fir di éischt Klass weiderhi bezuelt gëtt. Allerdéngs kënnen all déi di iwwer 60 sinn zu engem méi gënschtegen Tarif dra matfueren : 200 Euro kascht e Joresabo. (www.cfl.lu)