„Iessen op Rieder SUD“ kann nei Clienten beliwweren

SERVIOR huet op d’Saturatioun vun hirem Service „Iessen op Rieder SUD“ reagéiert an huet eng Léisung fonnt fir der méi héijer Nofro kënnen entgéint ze kommen.

Ab e Mëttwoch, dem 25. Mäerz kënnen nei Clienten vum „Iessen op Rieder SUD“ profitéieren. Wéi gewinnt gëtt eng Zopp, e Plat,an en Dessert proposéiert, allerdéngs – an der momentaner Léisung – als Menu unique.

Geliwwert gëtt d’Zopp an engem Vakuum-Beidel a brauch just an enger Kasseroll erhëtzt ze ginn, de Plat (baséierend op der traditioneller Kichen) an den Dessert kommen an enger recyclabeler* Barquette déi an d’Mikrowell gestallt ka ginn (2-3 Minutte bei 800 Watt).

SERVIOR këmmert sech ëm d’Koordinatioun an d’Liwweren, an Ofsprooch mat hire Partner-Gemengen (Käerjeng, Bech, Berdorf, Bettendorf, Consdorf, Contern, Diekirch, Differdange, Dippach, Dudelange, Echternach, Esch-sur-Sûre, Esch-sur-Alzette, Hesperange, Lintgen, Lorentzweiler, Mamer, Mertzig, Niederanven, Reckange-sur-Mess, Residorf, Rosport-Mompach, Rumelange, Sandweiler, Schuttrange, Steinsel, Walferdange).

Aschreiwe kënnt dier Iech bei ärer Gemeng, de Menü dréit de Numm „Menu UNIQUE“  an ass op servior.lu ze fannen.

Beim „Iessen op Rieder NORD“ sinn de Moment jo nach Kapazitéiten fräi. De Menu NORD fënnt een och op servior.lu.

***

Dës Léisung gëtt proposéiert an Zesummenaarbecht mam Traiteur Paul Eischen, deen des Menü’en fir SERVIOR preparéiert.

*De Recyclage vun de Barquette geet iwwer déi GRÉNG Tut (déi et a verschiddene Gemenge gëtt) oder de System „Re-Box“ vu Valorlux. Dës Barquette kann een awer och spullen an doheem weider benotzen.