Musikalesch Erënnerung : Biller di beweegen

Den 10. November huet de Jean Huybrechts e meeschterhaften Uergelconcert an der Kierch Saint-Etienne zu Uewerkuer ginn. Den iwwer achtzeg Joer jonken Escher, mëttlerweil Pensionär an der maison des soins „Thillebierg“ zu Déifferdeng, pfleegt eng ganz enk Bezéiung zu dësem Instrument, deem säin Titulaire hien an der Dekanatskierch hei an der Metropol du Fer war. Et ass seng Aart a Weis gewiescht 20 Joer SERVIOR ze feieren an esou di Animatiounen di hie soss all Dag fir seng Zëmmernoperen an der Pensioun bereethält dës Kéier an engem monumentale Kader opzeféieren. A wann de quickfidelen Museker senger Leidenschaft weiderhin ka nogoen, dann as dat och de Verdéngscht vun der Fondatioun EME (Besser lauschteren, besser verstoen) „di d’Zesummeliewe fërdert duerch d’universell Sproch vun der Musek“. D’Fondatioun huet eng ganz beréirend Videodoku gedréint („Aus den Fugen“) di erkläert virwat de „Johny“ och mat 86 nach seng Gamme spillt, wéinst sengem jugendlechen Enthusiasmus an awer och engem Ëmfeld wat him gutt gesënnt ass.