„Sou schéin ass eis Lëtzebuerger Sprooch“: De Loll Weber aus dem SERVIOR-Haus zu Ëlwen huet senge Matbewunner virgelies

Am „Liewensbam“ huet de Loll Weber, dee säit leschtem Joer an der SERVIOR-Residenz zu Ëlwen wunnt, Texter a Gedichter vum Marcel Reuland (1905-1956) a Josy Braun (1938-2012) virgelies. En etlech Bewunner hu sech afonnt fir hirem Matbewunner nozelauschteren. Et war en interessanten Nomëtteg, wou e gutt Stéck Lëtzebuerger Literatur op eng lieweg Aart a Weis presentéiert gouf. De Loll Weber, Joergang 1934, huet déi zwee Lëtzebuerger Auteuren nämlech perséinlech kannt. Wéi de jonke Loll Weber zu Esch am Lycée war, hat hien de Marcel Reuland als Professer. De Josy Braun, deen de Marcel Reuland veréiert hat, huet de Loll Weber am Kader vum Institut grand-ducal kennen a schätze geléiert.

Am Ufank vun der Liesung sot de Loll Weber, datt hien säin Auditoire op e „literareschen Trëppeltour“ duerch den Opus vum Marcel Reuland a Josy Braun géif mathuelen: „Unhand vun deenen zwee Auteuren wëll ech Iech weisen, wéi schéin eis Lëtzebuerger Sprooch ass“.

Bekannten a manner bekannten Texter huet de Loll Weber vum Marcel Reuland virglies a bedauert, datt keng Theaterstécker vum Auteur vun „Op der Kiermes“ méi opgefouert géife ginn. No dem Gedicht „Schloflidd“, dat de fréiere Museksjournalist mat vill Emotioune virgelies huet, sot hien : „De Klang vun de Wierder mécht Musék“.

Am zweeten Deel vun der Liesung stoungen Texter vum Josy Braun um Programm. De Loll Weber huet den Auteur selwer ze Wuert komme gelooss mat sengem Text „Den Äisvull“, deen iwwer CD d’Stëmm vum Schrëftsteller an de Raum vun der Cafeteria gedroen huet. Bei munche Geschichten hunn d’Nolauschterer geschmunzelt an häerzhaft gelaacht.

No der Liesung gouf et vill Luef an Unerkennung vun de Bewunner fir de Loll Weber. Verschiddener soten unisono datt de Loll Weber dat onbedéngt nach emol misst maachen an datt si vill neies bäigeléiert hätten. Bicher vu Marcel Reuland a Josy Braun, déi d’Ine Dormans aus der Bibliothéik Tony Bourg ausgeléint hat, konnten d’Bewunner sech ukucken. Bei engem gudde Stéck Kuch an enger Taass Kaffi gouf sech mam Loll Weber iwwert dee flotten Nomëtteg ausgetosch.